Am Kader vun Esch 2022 kucke mir all Mount op Perséinlechkeeten aus de Südgemengen an erzielen hir Liewensgeschichten.

Den italienesche Quartier zu Diddeleng - och kleng Italien genannt ass Enn vum 19. Joerhonnert mat den Ufäng vun der Stolindustrie entstanen. De Quartier krut säin Numm duerch di vill Italiener di op Lëtzebuerg komm sinn fir op der Arbed ze schaffen. Ee vun hinne war de Grousspapp vum Lëtzebuerger Kënschtler Jean-Pierre Adam, och de "Menn" genannt.

RTL

© Ville de Dudelange - Fonds Arbed

De Jean-Pierre Adam ass 1941 zu Diddeleng op d’Welt komm - haut gëllt hien als ee vun de facettëräichste Kënschtler aus dem Land. De "Menn" war e Vollblutt Kënschtler an huet vill verschidden Technike beherrscht - Gravure, Molerei, Skulptur, Keramik, Glaskonscht a villes méi. Mat sengem schwaarzen Hutt, sengem laange Baart a sengem staarken Ausdrock ass de Jean-Pierre Adam och oft als Charakterkapp bezeechent ginn.

RTL

© Archives de la famille Adam

De Kënschtler hat keng einfach Kandheet. Duerch seng schwiereg Familljesituatioun war hien am Kannerheem um Lampertsbierg - en Haus dat och Kanner KZ genannt ginn ass well d’Kanner haart hu misse schaffen an deels streng bestrooft gi sinn. Mat net emol 10 Joer kennt de Jean-Pierre Adam zréck bei säi Papp, ma awer och hei ass di familiär Situatioun esou schlëmm datt hien decidéiert vun doheem fort ze goen. Well hien awer néirens hikann installéiert de Menn sech am Bësch net wäit vu sengem Haus. Hien ernäert sech vun enger Fläsch Mëllech an engem Brout den Dag. Am Witz sot de Menn eng Kéier hie wier den éischte Clochard hei zu Lëtzebuerg gewiescht.

RTL

Mat 15 Joer kritt de Jean-Pierre Adam dann eng Plaz als Usträicher bei der Arbed zu Diddeleng. D’Aarbechtskonditiounen si schwéier an et gëtt net genuch Sécherheet um Site. Mat 16 Joer huet de Jean-Pierre Adam en trageschen Aarbechtsaccident a verléiert seng lénks Hand. Säi Liewe laang leit de Jean-Pierre Adam u Fantom Péng.

Dem Jean-Pierre Adam säi gréisste Wonsch war et ëmmer Kënschtler ze ginn. Op der Chambre des Métiers kritt hien gesot datt keng Aarbechter an eng Konschtschoul geschéckt ginn. An engem Rehazenter zu Nanzeg huet hien dunn seng éischt Schrëtt an der Keramik gemaach an 1967 schreift hien sech op enger Konschtschoul zu Zürech an.

3 Joer duerno kennt hien zréck op Lëtzebuerg a geet erëm op d’Chambre des Métiers well hien Froen zum fräiberuffleche Kënschtler huet. Doropshin krut hie gesot datt et dee Beruff hei zu Lëtzebuerg net gëtt an hie besser hätt zréck an d’Schwäiz ze goen.

De "Menn" war éiergäizeg an huet séier zu Lëtzebuerg an europawäit ausgestallt. Hien war en engagéierte Mënsch deen sech fir de Kënschtler Statutt an d’Rechter vum Kënschtler agesat huet.

RTL

2012 huet de "Menn" seng läscht Ausstellung zu Déifferdeng - eng Retrospektive. Ma hien huet awer ni verstoppt datt hien dës Expo léiwer a senger Heemecht Diddeleng gesinn hätt.

Et ass do wou sech de Krees schléisst am italienesche Quartier zu Diddeleng. Hei hat de "Menn" zum Schluss säin Atelier a seng Galerie. 2014 ass de Jean-Pierre Adam ganz onerwaart mat 72 Joer verstuerwen.

Seng Wierker si voller Liewen, Roserei, Freed a virun allem waren se authentesch. Hien huet aus dem Bauch eraus geschafft a gelieft. Als fräie Kënschtler huet de Jean-Pierre Adam sech säin eegent Markenzeechen an der Konscht erschaf an domat huet hie fir ëmmer e bleiwenden Androck als Mënsch an als Kënschtler hannerlooss.