Zwou RTL-Equippen ginn ausgesat op enger hinnen onbekannter Destinatioun. Eng Course zwee géint zwee, ouni Internet a mat limitéiertem Budget ...

Ausgesat, eng Rees ouni Plang, ëmmer Dënschdes an Donneschdes um 20:00 op der Télé

Episoden
Trailer
Teams

D’Deborah Ceccacci (31) Journalistin

Bezeechent sech als Organisatiounstalent, huet awer keng Loscht op all Zort vun Insekten.

De Pedro Venancio (39) Kameramann

Ass zwar gutt doran, Leit ëm de Fanger ze wéckelen, ass awer och als Chaot bekannt.

D’Anouk Siebenaler (29) Journalistin

Verreest och privat gär mat Zelt a Rucksak, ass awer bekennende Sportsmuffel.

De Mike Elsen (32) Kameramann

Ass kierperlech op alles virbereed, gëtt awer ongär d’Kontroll of.