Mir stellen Iech all Dënschden am Magazin en aneren aussergewéinlechen Beruff vir, wou Leit hei am Land hunn. Mir begleeden si een Dag bei hirer Aarbecht, kucken hannert d’Kulissen a froen no, wéi si iwwerhapt op d’Iddi komm sinn, fir grad dee Beruf ze maachen. A wien weess: Vläicht ass jo och een drënner, wou Iech inspiréiert.