"Bad Banks" hëlt d'Spectateuren och an den neien Episoden erëm mat op eng riskant Rees an d’Finanzwelt, déi no der Kris méi wéi jee virun engem gewaltegen Ëmbroch steet. Nei « Player » geheien deen ale System op d’Kopp, an d’Spill ëm Muecht, Manipulatioun a perséinlechen Éiergäiz dréit weider. Dës Kéier geet et fir eis Personnagen awer ëm alles oder näischt. Nach ni louch, ob ee Karriär mécht oder net, esou no beieneen an dreift eis Helden nach méi an d'Déift.

E Generatiounen-Sträit, bei deem um Enn eng Fro bleift:
wien d’Zukunft vum System bestëmme wäert?

Produzéiert gouf d'Serie vun der Lëtzebuerger Firma IRIS Productions a Letterbox Fimproduktion aus Däitschland a gouf och ënnert anerem finanziell vum Lëtzebuerger Film Fong ënnerstëtzt. Mat de Lëtzebuerger Acteuren Désirée Nosbusch, Marc Limpach, Germain Wagner, Elisabet Johannesdottir a Larisa Faber.

Episoden
Trailer