Eng Schëffsbesatzung mat Eruewerer reest duerch d’Weltmierer op der Sich no Unerkennung a Räichtum. Ouni Talent a vum Pech verfollegt erliewe si esou munch géckeg Aventure. Barababor gouf 2018 realiséiert vum Oscar-Gewënner Laurent Witz, zu 95% zu Lëtzebuerg a koproduzéiert vun Zeilt Productions, Watt Frame an RTL. Barababor ass eng 3D Animatiounsserie mat 52 Episode vu klenge witzegen 2-Minutte-Filmer, all Owend vu Méindes bis Donneschdes um 18:55 op der Tëlee!