Den Alain Hostert, aus der Hotelschoul vun Dikrech, préparéiert mam Carolina a mam José Sashimi vum Thon.

Ingrediente fir 4 Leit (kleng Entrée)

1 Stéck vun 250g Filet vum Thon               
10cl Sojazooss                   
10cl Mirinzooss                   
50g Sesamkären                    
(oder gehaakte Pistachen)

Preparatioun

Den Thon de laange Wee an Tranchë vu +- 2 Zentimeter schneiden. 1 Liter Waasser an enger klenger Pan opkachen an den Thon 30 Sekonnen dra pochéieren, bis e ronderëm eng schéi wäisslech Faarf kritt huet. Wärend dem Pochéieren de Fësch permanent dréinen, fir dass just de Bord liicht ugekacht ass. No 30 Sekonnen de Fësch eraushuelen an direkt fir e puer Sekonnen an eng Schossel mat Äiswaasser leeën, fir dass d’Cuisson ënnerbrach gëtt.

D’Sojazooss mat der Mirinzooss an engem Glas vermëschen. De liicht pochéierten Thon ofdréchnen, an eng kleng rechteckeg Form leeën a mat enger Schicht Kichepabeier iwwerdecken. D’Marinade aus Soja a Mirin gläichméisseg doriwwer schëdden an am Frigo eng 30 Minutte marinéiere loossen. Duerno den Thon aus der Marinade eraushuelen, ofdrëpse loossen an am Sesam (oder an de gehaakte Pistachen) dréinen. Den Thon an Tranchë vun 1 Zentimeter schneiden an op den Telleren drésséieren. Beim Sashimi vum Thon kann ee marinéiert Algen, marinéierten Ingwer, Wasabi an Sojazooss zerwéieren.