Den Alain Hostert, aus der Hotelschoul vun Dikrech, préparéiert mam Carolina a mam José zesummen eng Brochette mat Fësch.
Ingrediente fir 4 Leit
200g Filet vum Saumon
200g Filet vu Lotte
200g Filet vum Thon
4 Stéck Scampi
1 Stéck Kleng Courgette
1 Stéck Giele Paprika
8 Stéck Kiischtentomaten
2 Stéck Knuewelekzéiwen
Salz, Peffer
Olivenueleg
Frëschen Thymian
4 Stéck Hëlze Brochetten
Preparatioun
Den Thon, d’Lotte an de Saumon an allkéiers 4 gläichméisseg Cubë schneiden. D’Courgette an 12 dënn Rondelen, de Paprika an 8 gläichméisseg Stécker schneiden. Op all Brochette noeneen 1 Tomat, 1 Rondel Courgette, 1 Cube Saumon, 1 Stéck Paprika, 1 Cube Lotte, 1 Rondel Courgette, 1 Scampi, 1 Stéck Paprika, 1 Cube Thon, 1 Rondel Courgette an 1 Tomat stiechen.
Déi 4 Brochetten an eng uewefest Form leeën, e bëssen Olivenueleg driwwer schëdden, salzen a pefferen, Thymianstraiss driwwer leeën a gepresseste Knuewelek driwwer ginn.
De Schäffchen mat Ëmloft op 55° Grad erhëtzen. D’Brochetten ongeféier eng Stonn am Schäffche kachen, bis se eng liicht Cuisson hunn.
Déi Brochetten duerno e puer Minutten op de Kuelen- oder Gasgrill leeën, bis se eng liicht Faarf kréien. Oppassen, dass d’Brochettë ronderëm ganz mat Ueleg bedeckt sinn, fir dass se net um Grill upäschen.
Dobäi kann een eng kal « Sauce vierge » zerwéieren, op Basis vun Olivenueleg mat Zitrounejus, Knuewelek, klenggeschniddenen Tomaten, Schallotten, Basilikum a Bratzelen.