Den Alain Hostert, aus der Hotelschoul vun Dikrech, préparéiert mam Shane a mam Moriconi zesumme gratinéiert Mullen.
Ingrediente fir 4 Leit
Moules de Zélande 20-24 Stéck gekacht oder 500g frësch
Piniekären 50g
Basilikum 1 Strauss
Tomates confites 50g
Oliven (ouni Steng) 12 Stéck
Parmesan 100g
Peffer
Olivenueleg
Preparatioun
Fir dës kleng Entrée, respektiv Amuse-bouche kann een d’Reschter vum Virdag verschaffen oder 500g Mullen mat Ënnen, Zelleri, engem Schotz Wäin a Peffer frësch zoubereeden.
D’Mullen aus de Schuele léisen, déi hallef Schuelen op e Bakblech leeën an d’Mullen zréck an d‘Schuele leeën.
D’Piniekäre liicht an enger dréchener Pan réischteren an ofkille loossen. D’Oliven an d’Tomaten a ganz kleng Stécker haken, de Basilikum kleng schneiden. All d’Ingrediente fir déi „Salsa“ an eng Schossel ginn, e Schotz Oliveueleg driwwer ginn a mat Peffer ofschmaachen. De Parmesan rappen.
Iwwer all Mull e klenge Läffel „Salsa“ ginn a verdeele bis d’Ingredienten opgebraucht sinn. Um Enn de Parmesan driwwer streeën.
D’Mullen am Schäffchen 1-2 Minutten ënnert de Grill setzen, bis de Parmesan geschmollt ass an d’Mulle waarm sinn.
Eraushuelen an op engem Plat oder op 4 klengen Telleren dresséieren.