Den Alain Hostert, aus der Hotelschoul vun Dikrech, préparéiert mam Shane a mam Moriconi zesummen e Séisswaasserfësch aus eise Flëss
Ingrediente fir 4 Leit
Zanderfilet 500g oder 2 grouss Fileten
Grompereflacken 100g
Arachidenueleg 10cl
Séissgromper 2 Stéck
Kalbass (Butternut) 1 Stéck
Arachidenueleg 10cl
Granatapel 1 Stéck
Olivenueleg 10cl
Kraider (z.B. Bratzelen) 1 Strauss
Salz
Peffer
Preparatioun
D’Séissgromper an de Kalbass an 1cm déck Scheiwe schneiden an déi an enger Pan am Ueleg ubrode bis se duerch sinn. Salzen a pefferen a waarm stellen.
D’Zanderfileten a kleng Stécker schneiden, 12 am Ganzen, virdrun d’Sprenzen eraushuelen. De Fësch salzen a pefferen an duerno an de Grompereflacken dréinen bis d’Filete schéi bedeckt sinn. Den Ueleg an der Pan waarm maachen, an de Fësch mat der Haut no ënnen dra leeën. Wann de Fësch gutt ugebroden ass, ëmdréinen a weider zéie loossen, bis en duerch ass (net ze laang, fir dass en net dréche gëtt).
Fir d’Zooss, 4 Iessläffele Granatapelkären an eng Schossel ginn. Salzen a pefferen, den Olivenueleg an d’Kraider dobäi mëschen.
Op den Telleren fir d’éischt d’Gromperen an de Kalbass dresséieren, de Fësch um Geméis verdeelen an um Enn d’Zooss mat enge Läffel iwwert de Fësch ginn.