Den Alain Hostert aus der Hotelschoul preparéiert mam José exzeptionnell Produite fir d'Fester: Austeren a Kaviar.

Radis- an Austerepäckelcher

Ingrediente fir 4 Leit

Austeren (z.B. Gillardeau)  4 Stéck
Grousse Radis (z.B. red meat) 1 Stéck
Sauerram 50g
Gromperen (festkachend) 200g
Kaviar 1 Läffel
Kalbasspüree 100g

Preparatioun

D’Austeren opmaachen, an dräi Stécker schneiden.
Mam Sparschäler 24 Sträifen aus dem Radis schneiden, se véiereckeg mam Messer noschneiden an am kachende Waasser kuerz blanchéieren. Am kale Waasser ofschrecken. Wann een e Red Meat Radis hëlt, sinn déi Sträife schéin donkelrosa.
Mat engem Apelstiecher d’Gromperen ausstiechen, kleng Taler schneiden, an déi am kachende Waasser blanchéieren, bis se duerch sinn.
D’Sauerram mam Kaviar virsiichteg mëschen.

Zwou Sträife Radis am Kräiz iwwertenee leeën, e Stéck Auster drop setzen, eng Gromperrondel an e Läffel Kaviarram. Dat Ganzt wài e Kaddospäckelchen zumaachen a kal stellen fir den Zerwiss.

Austere mat Sauerram a Kaviar

Ingrediente fir 4 Leit

Austeren (z.B. Gillardeau) 8 Stéck
Sauerram 50g
Kaviar 4 Läffelcher
Mofen Shiso  1 klenge Strauss

Preparatioun

D’Austeren opmaachen.
Mat der Sauerram an dem Kaviar ganrnéieren.
Mat e puer Shiso-Blieder dekoréieren.