Episoden
Trailer

KRIMI-SERIE | „CAPITANI”

DËNSCHDES UM 20:00 OP RTL TÉLÉ Lëtzebuerg
Vum 1. Oktober un leeft déi nei lëtzebuergesch Krimi-Serie „CAPITANI“ op RTL Télé Lëtzebuerg. All Dënschdeg Owend um 20:00 enquêtéiert de Luc Capitani an engem mysteriéise Mordfall a stéisst dobäi relativ schnell op Widderstand bei den Duerfbewunner.
Eng lëtzebuergesch Krimi-Serie (12 Episoden vu 26 Minutten)
„Capitani“ ass eng Produktioun vu Samsa Film an RTL Télé Lëtzebuerg, a Co-Produktioun mat Artemis Productions a Shelter Prod a mat der Participatioun vum Film Fund Luxembourg produzéiert.

SYNOPSIS: Wien huet d’Jenny Engel um Gewëssen?

Am Bësch, ronderëm dat klengt Duerf Manscheid, am Norde vum Land, gëtt den doudege Kierper vun engem jonke Meedche fonnt. Fir an deem mysteriéise Mordfall ze ermëttelen, gëtt den Enquêteur Luc Capitani geruff. Mä de Luc, deen aus dem Minett staamt huet Problemer mat der Mentalitéit vun den Duerfbewunner eens ze ginn. Fir d’Enquête steet him déi jonk Polizistin Elsa Ley, zur Säit, wat aus dem Eck kennt. Relativ séier gëtt den Enquêteur an eng komplizéiert Intrig verwéckelt, wou alles nëmme Schäin ass an all Duerfbewunner méi weess wéi wat en ziele well.

Am Laf vun der Enquête, muss de Luc net nëmmen de Mäerder verfollege mä och eng Denkweis briechen. Hie muss e System auserneen huele wou d’Leit sech géigesäiteg manipuléieren am Numm vum „allgemenge Wuelbefannen“.

Nodeems hien eng Ligen no der anerer entlarvt, muss och hie mat sengem Gewëssen an d’Rengt kommen an sech der erdréckender Wourecht stellen…

Auteur (Konzept & Iddi) : Thierry Faber

Réalisateur : Christophe Wagner

Produzent : Claude Waringo

Acteuren : Luc Schiltz, Sophie Mousel, Jules Werner, Claude de Demo, Jil Devresse, Konstantin Rommelfangen, Brigitte Urhausen, Julie Kieffer, Désirée Nosbusch, Luc Feit, Raoul Schlechter, Marc Limpach, Timo Wagner, Max Gindorff, Pierre Bodry, Joe Dennewald, Roland Gelhausen, Jean-Paul Maes, Jemp Schuster, Nicole Max, Esther Gaspart Michels, Al Ginter, Josiane Peiffer, Michel Tereba, Gabriel Boisante, Anne Klein, Renelde Pierlot, Monique Reuter, Jules Waringo, Matteo Wolf

Capitani
Tanja
Elsa Ley
Lea Holmes
Nadine Kinsch
Michel Engel
Jim Boever
Pit Rommes
Rob Berens
Usch Trierweiler
Diane Bonifas
Christiane Ley
Claude Glodt
Carla Pereira
Gerard Gaspard
Manon Boever
d\'Zaldoten