DNA Spezial Bommeleeër

20 Bommenattentater bannent 20 Méint. Tëscht Mee 1984 a Mäerz 1986. Dat ass d’Wierk vun de Bommeleeër.

Uschléi goufen ni revendiquéiert. Et sinn wéineg Spueren iwwereg bliwwen. Mä Täter hunn hir DNA hannerlooss. Zwee Männer musse sech vum 25. Februar u viru Geriicht veräntweren. Se si fréier Memberen vun enger Spezialunitéit vun der Gendarmerie, der Brigade Mobile.

Mä d’Bommeleeër waren op mannst zu 4. Dat schreift de deemolegen Procureur Roby Biever 2010 an sengem Réquisitoire.

D’Equipe vum DNA huet iwwert 250 Reportagen duerchgekuckt, déi an de leschten 28 Joer iwwert d’Bommeleeër op RTL Télé Lëtzebuerg gewise goufen an huet dorauser eng Synthèse zesummegestallt.

Mat neiem Bildmaterial an interessanten Interviewpartner, versicht d’Emissioun DNA, eng Stonn laang alles Wëssenswäertes iwwert Bommeleeër ze diffuséieren.

Déi integral Interviewen

- Wé stecht hannert der Bommeleeër-Serie? Stay Behind?

- NATO-Geheimarméien am kale Krich.