Waldbëlleger Band(1983-1985) Déi gréissten Kriminalgeschicht zu Lëtzebuerg

Waldbëlleger Band(1983-1985)

  • 22 Iwwerfäll op Banken,Tankstellen an Bijouterien.

  • 6 Mordaffer.

  • 4 Haapttäter.

Alles “Made in Luxembourg”.

Dei Waldbëlleger Band ass als déi kriminellsten an Lëtzebuerger Geschicht agaangen.

  • Carlo Fett,Jos Bernardy,Guy Hertert an Nico Reisdorff sinn wéinst den Iwwerfäll an de Morden 1989 zu lieweslaanger Zwangsaarbecht veruerteelt ginn.

  • Jos Bernardy an Guy Hertert sinn haut nees fräi.

  • Den Nico Reisdorff sëtzt am oppenen Strofvollzug zu Giwenich.

  • De Carlo Fett ass am Januar 2003 verscheed.

Am 1.Deel vum DNA versichen mer ze verstoen,wéi et méiglech war,dass sech zu Lëtzebuerg eng kriminell Band konnt forméieren,déi am Laf vun der Zäit keng Grenzen méi kannt huet.

Wei eng Roll hunn Heemer gespillt,an deier Bernardy,Hertert a Fett grouss ginn sinn?

Wei huet dat familiärt an soziaalt Ëmfeld de Jos Bernardy geprägt?

Huet de Prisong am Gronn en Afloss op hir kriminell Karriär gehat?

Se hunn vum groussen Coup op eng Bank gedreemt.

Dee Coup ass den 30.Oktober 1985 beim Iwwerfall op den Haaptsëtz vun der BIL feelgeschloen.