Den Alain Hostert, aus der Hotelschoul vun Dikrech, préparéiert mam Thomas a José Muschelen.

Ingrediente fir 4 Leit

1 kg Venusmuschelen (Palourdes)
500 g Spaghettini
100 ml Olivenueleg extra vergine
100 ml Wäisse Wäin
80 g Schalotten
2 Zéiwen Knuewelek
2 Stéck Roude Piment
1 Strauss Péiterséileg, Estragon an Dëll

Preparatioun

De Knuewelek an d’Kraider häckselen, duerno d’Pimenten an d’Schalotte kleng schneiden. D’Spaghettini an enger grousser Quantitéit gesalzte Waasser kachen.

Während där Zäit den Ueleg an enger Kasseroll waarm maachen. D’Schalotten dra schweesse loossen an de Knuewelek mam Piment dobäi ginn. Dat Ganzt op klengem Feier kuerz kachen, dann d’Muschelen dobäi maachen. Mat wäissem Wäin ofläschen a mijotéiere loosse bis d’Muschelen opginn. D’Spaghettini ofschëdden an 30 Sekonne laang bei d’Muschelen an d’Kasseroll ginn. D’Spaghettini an den Telleren dresséieren, mam Jus a mat de Muschelen nappéieren. D’Kraider driwwer streeën an direkt zerwéieren.