Zéif vun der Gëlle Fra
1923 huet de Skulpteur Claus Cito eng Statu „d‘Gëlle Fra “ geschafen, déi am Mee 1923 feierlech ageweit gouf.
Se huet sech als eng Aart Fräiheetssymbol entwéckelt. 1940 hunn d’Preisen d‘Statu vun hirem Podest erofgeheit a verschwanne gedoen.
Mä an den 80er Joren huet de Journalist a Schrëftsteller Josy Braun d’gëlle Fra verstoppt op der Areler Strooss am Stadion entdeckt.
Am Juni 1985 dunn ass si eng zweete Kéier ageweit an op den Obelisk gesat ginn. Allerdéngs feelt en originaalt Stéck vun hir.
An zwar war hir 1940, wéi d‘Preisen d’Gëlle Fra erofgeheit haten, eng Zéif ofgebrach. Déi hat e Student - de Constant Fischer – opgehuewen an joerzéngtelaang als Bréifbeschwéierer benotzt.
Wie spéider d’Ierwe vum Här Fischer säi Mobiliar, dorënner och d‘gëllen Zéif, versteeë gelooss hunn, huet e Stater Antiquaire net laang gezéckt an dat skurrilt, historescht Stéck gesteet.
An zanterhier ass dësen Antiquaire houfregen Proprietär .. vun der Gëller Fra hirer Zéif.