D'Reportage-Serie ëmmer dënschdes géint 19.25 Auer, also kuerz virum Journal, op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu - an duerno am Replay.

Op ville Plazen op béide Säite vun der Musel weise Spuren op eng intensiv réimesch Besiidlung hin. Sou zum Beispill zu Rëmerschen, wou en imposant Denkmal, dat mat enge sëllechen Zeenen un d'Liewe vun engem Wënzer a Wäinhändler erënnert.

Tëscht Briedemes a Palzem sinn d'Iwwerreschter vun enger réimescher Bréck vu 6 Meter breet fonnt ginn. Et war dat en Deel vun enger Verbindung tëscht de Réimerstroosse riets a lénks vun der Musel vu Metz op Tréier an eng vun deenen eelste Réimerbrécken tëscht däitschem a Lëtzebuerger Buedem.

D'Musel als Transportwee huet och dozou bäigedroen, dass d'Wäikultur sech wärend der Pax romana, also dem réimesche Fridden, stänneg entwéckelt a munch prächteg Bauten a Villaen ervirbruecht huet. Jiddefalls haut, eng 1.500 Joer nom Verfall vum Réimerräich, lount sech eng Zäitrees op d'Spure vun de Réimer laanscht d'Musel allemol.

VIDEO: Et wor emol zu Lëtzebuerg: D'Réimer op der Musel (1)
Lëtzebuerger Geschicht emol anescht. Skurril Anekdoten a Personnagen déi een scho bal vergiess hat.