D'Reportage-Serie ëmmer dënschdes géint 19.25 Auer, also kuerz virum Journal, op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu - an duerno am Replay.

Säit Mënschegedenken gëtt et Kappbedeckungen an deene verschiddenste Formen, Gréissten a Faarwen. An der Stad Lëtzebuerg ass an der Kapuzinergaass 1884 en Huttgeschäft opgaangen, dat sech séier konnt eng trei Clientèle opbauen. Apaart an der Oktav, wann d‘Pilger aus dem ganze Land an d’Stad koumen, hat och d‘Huttgeschäft Heemount.

30 Joer laang huet eng Madame Kioes Cliente bedéngt, bis si 1995 gestuerwen ass.  Well kee Successeur d‘Geschäft wollt iwwerhuelen, koum et 1995 zum totalen Ausverkaf. Mat enger Tréin am Knäpplach huet du munch treie Client eng leschte Kéier sech en Hutt do geleescht.  An deen deen haut duerch d‘Kapuzinergaass trëppelt, dee ka sech vielläicht nach e bëssen ausmolen, wéi do 111 Joer laang zefridde Clienten dësen an dee schicken Hutt, klassesche Bereet oder riichtewech Kap ugemooss, kaaft an dann houfreg gedroen hunn.