D'Reportage-Serie ëmmer dënschdes géint 19.25 Auer, also kuerz virum Journal, op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu - an duerno am Replay.

Am Mëttelalter an och a spéidere Joerhonnerte waren d'Spillleit  als  „fahrend Vollek“  an eise Géigende sympathesch Gäscht, di an dat dacks driipsegt Liewe vun de klenge Leit e bësse Faarf bruecht hunn. Virun allem op Joermäert, Kiermessen an Hochzäiten si si opgetrueden, fir hir Konschten zum Beschten ze ginn.

Mä am 16. Joerhonnert muss et apart bont op dëse Fester zougaange sinn. Sou koum am Joer 1531 am Herzogtum Lëtzebuerg e Gesetz  eraus dat festgeluecht huet, dass d‘Hochzäiten am ganze Land nëmme méi een Dag hunn dierfen daueren, well déi einfach Leit bei sou deeglaangen Fester hir gespuerte Sue vun engem ganze Joer drop gemaach hunn.

Eréischt um Enn vum 18. Joerhonnert, wéi déi franséisch Revolutioun all Bierger gläichgestallt huet, goufen di bis dohinner „ehr-an-rechtlos“  Spillleit dëse Stempel aus der Feudalzäit endlech lass an hunn och am 19. an 20. Joerhonnert weider mat hirer Musek an hiren Tricken d’Leit ënnerhalen .