D'Reportage-Serie elo méindes géint 19.25 Auer, also kuerz virum Journal, op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu - an duerno am Replay.

Zu Lëtzebuerg war d'Drénkwaasserversuergung am Mëttelalter an och an der Zäit vun der Festung e grousse Problem.

Sou war d'Stad nieft de Pëtze virun allem op d‘Quellen aus de méi déif geleeëne Faubourge Gronn a Pafendall  ugewisen.

An der Uewerstad haten d’Awunner och grouss Zetäre fir d‘Reewaasser opzefänken. A rouegen Zäiten ass d'Drénkwaasser aus der Virstad eropgeschleeft ginn, fir dann, änlech wéi de Mëllechmann et gemaach huet, verkaaft ze ginn.

A Krichszäiten awer war dëse Wee verspaart.

Da war d‘Festung Lëtzebuerg duerch d'Belagerung isoléiert an op seng Pëtzen an d‘Reewaasser aus den Zetären ugewisen.

De Vauban, wéi en d‘Festung ausgebaut huet, wosst vun dëser Schwächt.

Fir deem entgéintzewierken, huet hien ordonéiert, zousätzlech Pëtzer gruewen an auszebauen ze loossen.