D'Reportage-Serie elo méindes géint 19.25 Auer, also kuerz virum Journal, op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu - an duerno am Replay.

Well d’Waasserversuergung an der Festung Lëtzebuerg, virun allem a Krichszäiten, liewenswichteg war, huet de Vauban nei Pëtze gruewe gelooss. Dorënner och de "Roude Pëtz" iwwert deem en Haischen aus rouden Zille stoung an deen eng 62 Meter déif war.

D'Garnisoun an d'Awunner vun der Stad hu sech d’Waasser aus dem "Roude Pëtz" gedeelt. Iwwert dem Schacht war e grousst Hamsterrad opgeriicht, dat vun 2 Zaldoten, die eng Strof haten, bedriwwe gouf.

D'Waasser ass mat groussen Eemeren, déi bis zu 100 Liter gefaasst hunn, eropgezu ginn.

10 Minutten huet esou eng Operatioun, fir déi 60 Meter Héichtenënnerscheeder bis an d’Uewerstad ze meeschteren, gedauert.

Sou laang d’Festung bestanen huet, konnt de "Roude Pëtz" wäertvoll Déngschter leeschten.

Wéi déi 1867 geschlaff gouf, ass och de "Roude Pëtz" ofgerappt ginn. Mä d’Plaz an der Groussgaass, wou e stoung, déi huet den Numm bis haut behalen.