D'Reportage-Serie elo méindes géint 19.25 Auer, also kuerz virum Journal, op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu - an duerno am Replay.

Den Dicks, mam richtegen Numm Edmond de la Fontaine, ass 1823 gebuer. Hie gëllt als Begrënner vum Theater a Lëtzebuerger Sprooch mat enge sëllege Lidder am Komediestécker, déi an d‘Geschicht agaange sinn.

Seng "Fin de carrière" huet hien als Friddensriichter zu Veianen 1881 ugetrueden.

Den Dicks konnt de Leit genee op d‘Fangeren an de Mond kucken. An och zu Veianen hat den Dicks esou eppes wéi eng duebel Kap op als Riichter an als Kënschtler.

Engersäits beléift anerersäits gefaart.

Allerdéngs krut hien et als "groussen Hexemeeschter" spilles fäerdeg, aus der Robe vum strenge Riichter an déi vum lëschtege Kënschtler ouni Beréierungsängschten ze klammen.

Am Juni 1891 ass den Dicks zu Veianen gestuerwen.

Haut huet de klengen a rene Musée un der Our sech op den illustere Mann ausgeriicht.

Fest steet: Veianen huet den Dicks e bësse gepräägt an de Dicks huet Veianen och gepräägt.