D'Reportage-Serie elo méindes géint 19.25 Auer, also kuerz virum Journal, op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu - an duerno am Replay.

Weimeschkierch a Pafendall ware laang Zäit Héichbuerge vun de Lompesammler a Lompekréimer. Am 19. Joerhonnert hunn eleng an der aler Gemeng Eech 183 Famillje vum Lompesammele gelieft a 4 Famillje ware Lompekréimer.

Déi Äermste vun hinnen hunn eng Kärche mat de Lompe selwer gezunn, anerer  hunn hir Weenercher vun Hënn oder Geessen zéie gelooss. An déi, déi sech et leeschte konnten, si mat Won an Päerd duerch Dierfer gefuer an hu Parzeläin géint Lompe getosch. An de Parzeläin vun 2. an  3. Choix hunn d'Lompekréimer bei Villeroy-&-Boch am Rollengergronn kaaft.

Mä dat Lompesammele war och mat Gefore verbonnen, well vill vun hinne Mëlzbrand an Antrax kruten, an dorunner gestuerwe sinn.

Nom Krich ass d’Geschäft nach emol opgebléit, ier d‘Lompekréimer eng alternativ Schaff mat Schrotthandel oder Kiermesaktivitéite fonnt hunn. Eppes awer hunn d‘Nokomme vun dëser Zunft bis an eis Zäit eriwwer gerett: hir Geheimsprooch -  d‘Jéinesch.