D'Reportage-Serie ëmmer dënschdes géint 19.25 Auer, also kuerz virum Journal, op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu - an duerno am Replay.

Weimeschkierch a Pafendall ware laang Zäit Héichbuerge vun de Lompekréimer, déi a Wunnwee gelieft an ënnert sech eng Geheimsprooch, d‘Jéinesch geschwat hunn.

Dat war awer virun allem geduecht, dass dat fuerend Vollek sech beim Handel ënnert sech konnt verstännegen ouni, dass e Friemen dat matkrut.

Wäit iwwer d’Grenzen eraus, bis a Rumänien gouf och Jéinesch geschwat, allerdéngs mat Ënnerscheeder.

Jiddefalls verschidde Weimeschkiercher a Pafendaller Familljen - Nofollger vu Lompekréimer - si bis haut houfreg, Jéinesch ënnert sech ze schwätzen.

A sou soll déi Geheimsprooch vu Generatioun zu Generatioun weider vermëttelt a geschwat ginn, ouni dass Aussestoende mat abezu ginn. A sou gëtt zanter Joerzéngte versicht, mat méi oder wéineger Erfolleg Jéinesch wëssenschaftlech ze entzifferen a festzehalen.