D'Reportage-Serie ëmmer dënschdes géint 19.25 Auer, also kuerz virum Journal, op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu - an duerno am Replay.

Iwwer d‘Joerhonnerten huet d‘Jéinesch – d‘Geheimsprooch vun den Lompekréimer - de Lakerten - zu Weimeschkierch an am Pafendall bis haut iwwerlieft.

De verstuerwene Weimeschkiercher Änder Bausch war reegelrecht verléift an d’Jéinescht an huet zesumme mat Kolleegen e Buch an en DVD iwwert des Geheimsprooch an d‘Lakerten erausbruecht.

Doranner gëtt net distinguéiert parléiert, mä riichtewech vun der Long op Zong gedibbert.

Op der Mondharmonika huet den Änder Bausch melancholesch Lidder iwwert dat einfacht a strengt Liewe vun de Lakerten virgedroen.

Hie blouf säi ganzt Liewen en einfache Weimeschkiercher Jong a säi Buch a seng musikalesch Texter sinn e waarmen Hommage u seng … Lakerten.