D'Reportage-Serie ëmmer dënschdes géint 19.25 Auer, also kuerz virum Journal, op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu - an duerno am Replay.

Scho virun 3300 Joer gouf et bei den Ägypter Spezialisten, déi Hoer geschnidden, gefierft an och Perrécke gebastelt hunn. Och bei de Griichen, de Réimer, grad esou wéi am Mëttelalter waren dës Handwierker gefrote Leit. Am leschten Joerhonnert stoung bei eis beim Männercoiffeur, nieft dem Hoerschnëtt an dem Akaulbotzen, och d'Aseefen an d'Bartmaachen um Programm.

Zanter 53 Joer schneit de Figaro Pierrot Wagner de Leit d'Hoer. Obschonn hie viru 5 Joer an Pensioun gaangen ass, huet hie bis elo viru Corona, am Alter vun 78 Joer, pro Woch eng 4 bis 5 eeler, trei Clienten empfaangen, och bedéngt duerch eng moer Pensioun. Gären erënnert sech dëse Figaro u fréier Zäiten, wéi hien och Paschtéier eng Tonsur geschnidden huet. Och aktueller Prominenz, wéi dem Minister François Bausch, huet hien als Kand d'Fliichte gestutzt . Allerdéngs wëll de Meeschter Wagner - kéint hien d'Rad zréckdréinen - haut net méi Figaro ginn, mä sech bei der Gemeng oder dem Staat ustelle loossen, och da wann hien "misst mat der Kierbiischt dorëmmer lafen."