D'Reportage-Serie ëmmer dënschdes géint 19.25 Auer, also kuerz virum Journal, op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu - an duerno am Replay.

Zu Gréiwemaacher gëtt et eng kleng Gaass  – d‘rue des bâteliers – wou eng Wonerfamill iwwert 3 Generatiounen hëlze Ween a Rieder fabrizéiert huet. Déi Maschinne sinn nach bis Mëtt den 90er Jore gelaf. De Wonerberuff war u sech eng Aart Sub-Kategorie vum Schräiner, deen all Holzdeeler gebaut huet, déi fir déi Ween vun deemools, vum Rad iwwert d'Achse bis zum Gestell, néideg waren. Dernieft huet de Woner och nach aner Schräineraarbechten, déi ugefall sinn, gemaach. Dëse Beruff huet och nach eng Zäitchen iwwerlieft, wéi déi modern Maschinnen ëmmer méi Iwwerhand geholl hunn. Den direkten Nokomme vun der Gréiwemaacher Wonergeneratioun, de Georges Urwald, huet déi Wonerei mat Atelier a Schäpp net ofgerappt, mä e flotte klengen Theater dran ageriicht. Et ass dat de Stuedtheater, dee sech zanter Joren e gudden Numm gemaach huet, wou een nach sou richteg kann déi speziell Woneratmosphär vun deemools … spieren.