D'Reportage-Serie ëmmer dënschdes géint 19.25 Auer, also kuerz virum Journal, op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu - an duerno am Replay.

Am Mee 1628 gouf um Glacisfeld zu Éiere vun der "Consolatrix Afflictorum", der "Trösterin der Betrübten" eng Kapell op Initiativ vum Jesuittepater Jacques Brocquart - dee vun der Pescht geheelt gi war - feierlech ageweit. Et huet net laang gedauert, du sinn Dausende vu Gleeweger bei d‘Muttergottesstatue an d‘Glaciskapell gepilgert, fir vu Krich, Honger a Pescht verschount ze ginn. Déi 73 Zentimeter grouss Statue soll 1624 extra vu Studenten vum Jesuittekolleeg aus Lannenholz geschnëtzt gi sinn. 1639 dunn ass d‘Muttergottes vum Glacis an d‘Jesuittekierch op de Knuedler – déi spéider Kathedral - bruecht ginn, wou si 8 Deeg laang veréiert gouf, wourauser den Numm "Oktav" entstanen ass. Enn vum 19. Joerhonnert ass d’Oktav op 2 Wochen, vum drëtten bis zum fënnefte Sonndeg no Ouschteren, verlängert ginn. Haut gehéiert d’Oktav zur offizieller immaterieller Kulturierfschaft vum Land.