Virun 2 Joer huet e Geschichtsstudent zu Wien am Albertina Musée e meterlaangt Panorama-Bild aus der Mëtt vum 18. Joerhonnert entdeckt.

Op deem Bild ass d'Stad Lëtzebuerg detailléiert opgezeechent. Dëst eenzegaartegt Wierk, dat a kengem Geschichtsbuch ze fannen ass, gouf 1753  vun engem gewësse Wenzel Calot, engem Atillerie-Haaptmann, gezeechent. Spéider ass d'Bild an der Albertina gelant, wou et eng 250 Joer onentdeckt geleeën huet. Fir Historiker ass dëse Fond goldwäert, och doduerch well Detailer vun der Stad opdauchen, déi bis dohinner net gewosst waren. Sou zb e klengen Tiermchen am Schied vum Bock, en Äiskeller, deen ee virdrun net situéiere konnt. Och héich interessant, eng vun de leschte Vue vum Mansfeldschlass mat sengen herrleche Gäert a genialen Anlagen. Den Ament ass d'Calot-Original am City Musée ausgestallt, wou et fir jiddwer Geschichtsfrënn e Must dierft sinn, dës kleng Sensatioun  a Rou ze studéieren.