D'Reportage-Serie ëmmer dënschdes géint 19.25 Auer, also kuerz virum Journal, op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu - an duerno am Replay.

Am Éislek zu Géisdref gouf zanter Gottgedenken no dem seelenen Äerz Antimon gebuddelt. Och d'Réimer sollen do no dësem Metall gesicht hunn, dat als Verstäerkung vu Bläi a Koffer agesat gouf.

Am Industriezäitalter ass den Antimon haaptsächlech an eise Géigenden am Bläisaz an an den Dréckereie gebraucht ginn. Am 19. an 20. Joerhonnert hu virun allem Firmen a Banken, zesummen mat finanzstaarke Privatleit, d'Minnen bis 1939 exploitéiert. An zanterhier leien dës Antimon-Minnen zu Géisdref an engem Dornréischen-Schlof a waarden drop erwächt ze ginn. Jiddefalls déi vertikal Schächt vu bis zu 70 Meter déif an déi horizontal Stollen, déi bis zu 5 iwwertenee leien, bidde sech reegelrecht un, erschloss ze ginn…fir den doucen Tourismus. D'Gemeng an d'Frënn vun den Antimon-Minne wëllen dësen Challenge agoen a sinn optimistesch, dass de Projet glécke wäert.