D'Reportage-Serie ëmmer dënschdes géint 19.25 Auer, also kuerz virum Journal, op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu - an duerno am Replay.

Eng vun deenen historesch interessantste Plazen an der Stad ass ouni Zweiwel de „Krautmaart“, dee fréier  den „Neien Maart“  genannt gouf,  fir sech vum „Ale Maart“, dem „Fëschmaart“  z'ënnerscheeden. Eréischt wéi d'Maartfrae virun allem Kraider a Geméis do verkaaft hunn, krut en den Numm „Krautmaart“. De City Musée huet unhand vun Texter an archeologeschen Ausgruewungen en herrlecht  Panoramabild vum „Krautmaart“ am 17. Joerhonnert rekonstruéiere gelooss. Dorop erkennt ee kloer Gebaier erëm, wéi den aktuelle Palais oder d'Maison de Raville, mä och verschidden deemoleg Aktivitéiten, wéi e Waasserdréier, e spueneschen Zaldot oder eng Prozessioun, déi laanscht d'Nikloskierch eropkënnt. Also mir si wierklech matzen am Liewe vun der Stad am 17. Joerhonnert an engem Panoramaraum, deen een am City Musée besichen a sou richteg op sech awierke kann.