D'Reportage-Serie ëmmer dënschdes géint 19.25 Auer, also kuerz virum Journal, op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu - an duerno am Replay.

Um Plateau an der Fiels - dee scho vun de Kelte besidelt war - ass Mëtt vum 11. Joerhonnert eng Buerg entstanen, déi sech am 14. Joerhonnert zu enger Wunnbuerg entwéckelt huet . 1386 ass do d'Kriechingerhaus gebaut ginn, mat raffinéierten architektoneschen Elementer wéi 4 Schlitzen, déi genee op den Altor gericht goufen. D'Kiischt um Kuch awer ass e geniale Schlitz, deen de Sonnestral nëmmen um längsten Dach vum Joer - der  Summersonnenwende -  direkt op den Altor riicht, wat och astronomescht Wësse virausgesat huet. Stonehenge ass dat bekanntste Beispill dofir.

Dëst Joer ass de Solstice-Dag op den 20. Juni  gefall. Leider konnt de Sonne-Phänomen net live dokumentéiert ginn, well den Zougang - eng hëlzen Trap - kuerz virdrun ofgerappt gi war. Fakt ass, d'Buerg Fiels, virop d'Kriechingerhaus mat enger exemplarescher Restauratioun, ass e reegelrechte Bijou, dee bis haut wäit ënnert sengem Wäert historesch a kulturell ugebuede gëtt a vläicht souguer verdénge géif an d’Unesco-Welt-Kulturierwen ze kommen.