D'Reportage-Serie ëmmer dënschdes géint 19.25 Auer, also kuerz virum Journal, op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu - an duerno am Replay.

Gréiwemaacher 1822. Géint 13 Auer Mëttes ass um Eck vun der Diddenuewenerstrooss an der Syr ,wou déi meescht Haiser mat Stréi gedeckt waren, e Feier ausgebrach. Knapp eng Stonn méi spéit stoung e groussen Deel vu Maacher a Flamen.

Déi Tréierer koumen dunn Owes mat zwou Feiersprëtzen zu Hëllef, grad esou wéi déi Igeler, déi eng Hëllefsmannschaft geschéckt hunn.

Den anere Moie géint 4 Auer konnt d‘Feier endlech geläscht ginn, mä mat katastrophale Folgen. A Maacher, dat deemools 2.000 Awunner gezielt huet, waren 147 Wunnhaiser, 80 Ställ an 309 Scheiere verbrannt.

De Gesamtschued gouf op 177.000 Gulden, deemools eng enorm Zomm, geschat. Kuerz drop huet de Gouverneur Willmar  en Opruff un d'ganzt Land gemaach ze hëllefen, wat dunn och geschitt ass. Mä Gréiwemaacher huet nach laang Joren un de Folge vun dësem „grousse Brand“ laboréiert .