Op der Plaz genannt „op Téipesch" huet e Mann zwee Mol e Geescht gesinn, deen him opgelauert huet.

Wéi de Feierwon Lëtzebuerg mam Éislek verbonnen huet, kruten d'Knapphouschter och d'Méiglechkeet, op Zuchstatioun Draufelt iwwert e klenge Bëschwee ze kommen. An do matzen an der Natur op der Plaz genannt „op Téipesch" huet e Mann zwee Mol e Geescht gesinn, deen him opgelauert huet.

Änlech Phenomener goufen duerno iwwer Jore vun aneren Zeie beschriwwen. „Téipechmännchen" gouf de Geescht genannt, deen 8 Joer laang vun 1917 bis 1925 säin Onwiese gedriwwen huet. De faulen Zauber krut schliisslech en Enn, wéi e couragéierte Passagéier dat Gespenst geschloen huet, dat awer onerkannt entkomme konnt. Allerdéngs ass déi Deeg duerno e Wiert mat 2 bloen Aen duerch Knapphouschent geschlach. A vun do u war Rou am Bësch, wou den Téipeschmännchen ni méi gesi gouf.