2. Halschecht vum 18. Joerhonnert . An der Festung Lëtzebuerg residéiert en aparte Personnage, de Frederick Augustus Prënz vum Fürstentum Anhalt–Zerbst.

De Brudder vun der Zarin Katharina der II vun Russland. Wéinst senger klenger Gestalt an engem Handicap gouf hien och „de gebockelegten Prënz“ genannt.

Hien huet am Gronn am Bisserwee gewunnt, eng eegen Arméi gefouert an op héijem Fouss gelieft. Mä seng Finanze waren stänneg am Keller. Am Mäerz 1793 ass hien net als Krichshär am Feld, mä a senger Residenz am Bisserwee am Alter vun 59 Joer gestuerwen. Um Kierfecht virun der Neipuert gouf hie begruewen. An deen, deen haut am Gronn duerch de Bisserwee trëppelt, dee kann nach gutt déi an de Fiels gehaen Hielen an Iwwerreschter vu fiichten Zaldotewunnechten erkennen, direkt geleeën an der Noperschaft, do wou de „gebockelegten Prënz“ residéiert  huet.