Déi adeleg Famill von Metzenhausen aus dem Honnsréck huet 1506 d‘Schlass vu Buerglënster iwwerholl.

Mä Kricher an Iwwerfäll hunn de Schlasshären esou zougesat, dass se hu missen 200 Reichstaler léine goen. Ma well se dës Schold net fristgerecht zréckbezuele konnten a riskéiert hunn, fir hiert Schlass ze verléieren, huet e gewëssene Jean Harys, Piechter aus dem Blummendall, déi ll 200 Daler virgestreckt. An dësen Harys sode Virfahre vum Buerglënsterer Emil Betrand sinn dee jorelaang intensiv recherchéiert a souguer waarm Spuere bis op Avignon fonnt huet.

Haut läit am Blummendall matzen an der Natur nach just e Koup Steng, Iwwerreschter vun enger Heip vun der Piechterfamill Harys.

Munches deit drop hin, dass si déi 200 Reichstaler ni zréckbezuelt kruten. Géif heeschen, dass den Emil Betrand vu Buerglënster - op d'mannst theoretesch - déi deck Mouk kënnt ze gutt hunn.

Froe kann een d’Piechter vun deemools net méi och net déi von Metzenhausen un déi bis haut an der exemplaresch restauréierter Kierch vu Jonglënster en herrleche Grafsteen erënnert.