Virun 900 Joer gouf den Uerde vun den Tempelritter gegrënnt.

Eng geeschtlech a militäresch Elite, un déi sech bis haut eng sëllege Mythen a Legende knäppen. Rezent Fuerschungen hunn nei a spannend Erkenntnesser iwwert d‘Presenz vun den Templer entdeckt, an dat net nëmmen zu Roth un der Our, mä och an der Buerg zu Veianen selwer.

Sou hunn déi Veianer Geschichtsfrënn och erausfonnt , dass d'Verhältnes tëscht den Templer an de Grofe vun Veianen e ganzt anert war, ewéi dat bis dohinner ugeholl gouf. Sou och, dass d'Geschicht vun den Tempelritter zu Veianen warscheinlech vill méi fréi ufänkt wéi geduecht, an dat schonns vun 1170 un.

Och an der Buergkapell goufe Fresken iwwert Templer aus dem dem 12. an 13. Joerhonnert entdeckt. A sou geet d’Fuerschung elo dovunner aus, dass de mächtegen Uerde vun den Templer och zu Veianen Ämter bekleet an eng méi wichteg Roll gespillt huet, wéi dat bis viru kuerzem nach ugeholl gouf.