Den Nikloskierfecht, dee well 1691 ernimmt gëtt, huet duerch seng kleng an grouss Griewer a Monumenter a senger laanger Geschicht vill ze verzielen.

Sou d’Graf vum fréiere Staatsminister Paul Eyschen, dat vum bekannte Moler Sosthène Weis entworf gi war. Och de Compositeur vun der Nationalhymne, den Jean Antoine Zinnen huet säin Denkmol um Nikloskierfecht, dat feierlech ageweit gouf, nodeems d'UGDA eng Souscriptioun ausgeschriwwen hat an am ganze Land Sue gesammelt goufen, fir sou dem nationale Compositeur Merci ze soen.

Vill bekannte Persounen, Dichter, Schrëftsteller, Kënschtler, Politiker, Wëssenschaftler hunn um Nikloskierfecht hir lescht Rou fonnt. Sou och de Philosoph Bernard de Grotheusen, den Hauptmann von Köpenick, de Bernard Hall, den Eugéne Ruppert, de Joseph Junck, de Jean Baptiste Gellé, fir nëmmen déi ze nennen. Ma och vill kleng bescheide Griewer hunn eng Geschicht ze verzielen, wéi déi vun engem Kand, wou eng gebrachen Rous um Graf drun erënnert, dass dat Liewe vill ze kuerz war.