SPEZIAL-STAFFEL FAMILLENDUELL: Clibb, Frën(dinne)n, Kollegen(innen) a Famillen JIDDEREE KA MATMAACHEN!

Ka wierklech jidderee bei Famillenduell matmaachen? Ganz genee, beim Famillenduell kënnen nach ëmmer Famille matmaachen. Mä vun elo un steet och fir Clibb, Gruppen vu Kollegen(innen) oder Frën(dinne)n, d'Dier beim Famillenduell op!
Erlieft de Famillenduell eng Kéier hautno a sidd dobäi wann et heescht: " Mir hunn 100 Leit gefrot...!".

De Famillenduell kënnt op der Télé, vu Méindes bis Donneschdes tëscht 18h30 an 18h55 a gëtt vum Dan Spogen presentéiert (Rediffusioun um 20h00 um 2.RTL a Freides vun 20h00 un op RTL Télé Lëtzebuerg). Vun elo un, kënnt Dir de Famillenduell och am Replay kucken.

De Prinzip vum Spill lued jidderee a fir matzeroden, ass spannend bis zum Enn, suergt ëmmer nees erëm fir Iwwerraschungen an ass dacks immens lëschteg. Zwou Ekippen mat all Kéier 5 Memberen triede géinteneen un, woubäi eng Persoun de Kapitän am Team ass. 100 Leit goufe gefrot an et ass un de Matspiller déi heefegst Äntwerten op déi verschidde Froen ze fannen. Zum Beispill: Mir hunn 100 Leit gefrot ... Nennt eis en Déier wat gro ass! Nennt eis eng Stad déi mat engem Buschtaf "K" ufänkt! Nennt eis eppes wat Dir mat op eng einsam Insel géift mathuelen! D'Punktenzuel déi herno ugewise gëtt, ass d'Zomm vun deenen Äntwerten déi eis déi 100 Leit ginn hunn. D'Top-Äntwert ass déi Äntwert mat der héchster Punktenzuel. Den Duell geet am ganzen iwwert 4 Ronnen. Dat Team, dat no der 4. Ronn, déi meeschte Punkten huet, kënnt an d'Finall, spillt fir 2000 Euro an ass bei der nächste Folleg den "Champion", géint deen nees en Erausfuederer untrëtt. Packt eng Ekkip et fir 5 Mol hannerteneen an der Finall ze sinn, da spillt déi fir en Haaptgewënn, 10.000€ Cash plus eng Dramvakanz am Wäert vun 10.000€ offréiert vu LuxairTours.

Formulaire fir sech unzemellen:

Männlech Weiblech

Informatiounen iwwert Är Ekipp

(Optional) Wee mécht mat?

Persoun 1

Persoun 2

Persoun 3:

Persoun 4:

Persoun 5:

Persoun 6: (Reserve)


Fir matzemaachen

Passt w.e.g. op, datt nëmme Leit, déi um Datum vum Casting 16 Joer hunn, bei der Emissioun matmaache kënnen. Ausserdem mussen och 2 Membere vum Team volljäreg sinn. Dës Aschreiwung ass nach keng Garantie, datt Dir beim Casting oder bei der Produktioun vun der Sendung dobäi sidd. All Bild- an oder Tounopnamen, déi Dir RTL bei der Aschreiwung matgitt oder zoukomme loosst, gehéieren RTL a ginn net nees zeréckgeschéckt. Dëst Material ka weiderhi vun RTL fir Promotiounszwecker benotzt ginn.

Jo


Dateschutz

All Är Informatiounen, déi gespäichert ginn, gi vertraulech behandelt a just fir d’Aschreiwung gebraucht a ginn a kengem Fall un Drëtter weiderginn. All gespäichert Donnéeën ënnerleien dem Lëtzebuergeschen Dateschutz. Weider Informatiounen fannt Dir an eise Conditions d’Utilisation.

Jo