Bei all deenen neien a geplangten Akafszenter stellt sech d’Fro: Wéi vill Verkafsfläch brauch Lëtzebuerg iwwerhaapt? A wou kommen d’Clienten hier?

Mat groussem Tamtam ass déi lescht Woch déi nei Annex vun engem Shoppingzenter mat neien Konzept zu Bartreng ageweit ginn. D’nächst Joer maachen op der Cloche d’Or an am Zentrum vun der Stad zwee weider riseg Komplexer hir Dieren op.

Mä ass iwwerhaapt genuch Clientèle fir all déi Geschäfter do a wou kënnt se hier? Wéi kafen d’Lëtzebuerger haut an? A wéi kënne klassesch Butteker géint d’Konkurrenz vum digitalen Handel ukommen?

An der Emissioun Kapital vum Sonndeg den Owend goufen Äntwerten op all dës Froe gesicht. Invité war de Fernand Ernster, President vun der CLC.