Lëtzebuerg soll méi nohalteg ginn. Fir dat ze erreechen, huet d'Regierung e Plang fir d'Land méi ressourcen- am ëmwelt-frëndlech opzestellen.

Och d'Landwirtschaft, d'Baubranche an den Elektro-Auto sollen dobäi eng Roll spillen. 40.000 Elektro-Autoe sollen an den nächste Joren op eise Stroosse fueren. 20% vum landwirtschaftlechen Ubau soll biologesch ginn an och am Bausecteur ass méi Nohaltegkeet erwënscht.

Mä ass dëst fir Betriber a Privatleit iwwerhaapt finanzéierbar? Wéi en Opwand bedeit d'Ëmstellung? An ass de Maart iwwerhaapt räif?

"Missioun Nohaltegkeet" - dat war d'Thema am Kapital e Sonndeg op RTL Télé Lëtzebuerg.