E Sonndeg am "Kapital" gitt Dir méi iwwert dës an aner Sujete gewuer.

D'Sujeten e Sonndeg am "Kapital"

De Klimawandel ass zu Lëtzebuerg ukomm. Eis Bëscher si betraff a mat hinnen de ganzen Holzsecteur.

Luxusauere ginn nawell gär bei eis am Land kaf. Zwee Traditiounshaiser ginn eis en Abléck.

Ween deier akafe wëll, mécht dat dacks iwwer Kreditkaart. Online sollen dës Transaktiounen elo nach méi sécher ginn. Wat bedeit dat?

A vill jonk Betriber lounen haut keen eegene Büro méi, mee schaffen a Gemeinschaftsraim, sougenannte Coworkingspaces. Dat huet net just e finanzielle Virdeel.

Den Detail am Kapital.