"No ART on AIR" - ëmmer donneschdes no 20 Auer e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat intressanten Invitéën.

Den Eric Mangen ass e Kënschtler, dee mat ganz onkonventionellen Supporten a Material moolt. Dat geet vun der Spraydous iwwer de Pinsel bis bei de Feierläscher oder esouguer de Pompjeesauto. Dat war de Fall an den USA, wou hien e puer Woche geschafft huet. Doriwwer erzielt hie beim Jenny Fischbach, awer och iwwer d'Expo bei InCub zu Hollerech an en neit Buch.

Ausserdeem hëlt eis den Dan Wiroth mat op e Skulpturen-Tour uechtert d'Land a verréit eis hir Geheimnisser an de Loïc Tanson stellt de Film"Outlaw King" vir, deen eng Fortsetzung vu "Braveheart" ass.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad elo ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.