"No ART on AIR" - ëmmer donneschdes no 20 Auer e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat intressanten Invitéën.

Fir d'éischt huet si sech um Grand Prix Eurovision mat hirer Stëmm en Numm gemaach, duerno mat hirer gudder Laun an hiren Emotiounen op de Lëtzebuerger Theaterbühnen. Zesumme mam Monique Melsen kucke mir zeréck op hir Carrière awer och op hir Aktualitéit: En Theaterstéck vum Jay Schiltz. Doriwwer schwätzt bei No Art mam Loïc Tanson.

Ausserdeem stellt d'Christiane Kremer d'Buch "Mit den Haien streiten" an d'Danièle Michels d'Foto-Ausstellung "Hard truths" vir.


De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad elo ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.