"No ART on AIR" - ëmmer donneschdes no 20 Auer e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat intressanten Invitéën.

Zënter den 1990er Joren steet d'Sascha Ley op den nationalen an internationale Bühnen, als Schauspillerin an/oder Sängerin. Besonnesch am Gesank huet si hire ganz eegene Stil entwéckelt. Bei No Art erzielt si iwwer hir aktuell Projeten, där eng ganz Partie an hirem Agenda stinn.

Ausserdeem stellt d'Patricia Baum eng kollektiv Ausstellung vu Lëtzebuerger Kënschtler an der Galerie Zidoune Bossuyt vir an de Loïc Tanson schwätzt iwwer de Succès vun der amerikanescher Serie "The Marvelous Mrs. Maisel".


De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad elo ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.