"No ART on AIR" - ëmmer donneschdes no 20 Auer e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat intressanten Invitéën.

De Ian de Toffoli ass Auteur an Editeur. No éischte Romaner als Student nach, schafft hien den Ament vrun allem fir den Theater. Vrun e puer Joer huet hien de Verlag Hydre gegrënnt.

Ausserdeem derbäi: de Claude Neu schwätzt iwwer déi nei Galerie vum Erna Hécey an d'Claudia Kollwelter iwwer de Projet Rummer Gospel.


De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad elo ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.