"No ART on AIR" - ëmmer donneschdes no 20 Auer e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat intressanten Invitéën.

De Benoît Martiny huet vu Klengem un eng Passioun: d'Percussioun. Hien huet se geléiert a studéiert a spillt haut a ganz diverse Genren an a verschiddene Formatiounen. Dorënner och BMB - d'Benoît Martiny Band. "Moons of Uranus" heescht e ganz besonnesche Projet den 2. Mäerz an der Philharmonie. Iwwer alles huet hien hien den Owend beim Jenny Fischbach geschwat.

Ausserdeem stellt d'Patricia Baum eng Expo mat Wierker vum Keith Haring vir an de Joël Seiller liest Marcel Proust un Hand vu BDen.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad elo ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.