"No ART on AIR" - ëmmer donneschdes no 20 Auer e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

No der Première zu Lëtzebuerg huet d'Hana Sofia Lopes decidéiert, op Lissabon an eng Schauspillschoul ze goen. Zënterhier ass déi jonk Fra a villen nationalen an internationale Film-Produktiounen ze gesinn, awer och a Serien op der portugisescher an op der lëtzebuergescher Tele. Geschwë kann een d'Hana Sofia Lopez an direkt zwee Filmer an de Kino kucke goen. Doriwwer huet si beim Jenny Fischbach geschwat.

Ausserdeem huet d'Claudia Kollwelter de "Choraoke" virgestallt an den Dan Wiroth huet richteg a falsch Konschtwierker gewisen.


De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad elo ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.