"No ART on AIR" - ëmmer donneschdes no 20 Auer e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

D'Monique Becker ass eréischt spéit bei d'Konscht komm, datt et hir Passioun wier, wousst se awer scho laang. Dofir huet se sech och zwee prominent Léiermeeschtere gesicht: den Éisterräicher Hermann Nitsch an den Däitsche Markus Lüpertz. Beim Jenny Fischbach erzielt se iwwer hir nei Expo.

Ausserdeem geet et ëm Konscht op Instragram mam Gérard Valerius an d'Patricia Baum stellt d'Molerin Carmen Herrera vir, déi nach mat 103 Joer aktiv ass.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad elo ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.