"No ART on AIR" - ëmmer donneschdes no 20 Auer e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

Fir d'Kulturjoer 2007 goufen d'Rotonden als Head-Quarter amenagéiert. Deemools huet och de Steph Meyers do ugefaange mat schaffen. Haut ass hien den Direkter vum Kulturzenter, deen sech do fest implantéiert huet an dëse Weekend de Festival Multiplica organiséiert. Doriwwer schwätzt de Steph Meyers mam Jenny Fischbach.

Aner Sujeten: Den Olivier Treinen stellt dat lescht Buch vum Michel Houellebecq "Sérotonine" vir an d'Claudia Kollwelter kuckt op déi éischt Festivale vun der Saison.

VIDEO: Multiplica Festival an de Rotonden
De "Waterlight Graffiti" vum franséische Kënschtler Antonin Fourneau weist, wéi ee mat Waasser LED-Luuchten aktivéiere kann.


De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.