"No ART on AIR" - ëmmer donneschdes no 20 Auer e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

De Claude Bertemes ass e grousse Cinéphile an zënter 20 Joer den Direkter vun der Stater Cinémathéik. Do ass hien Här iwwer 10.000 Filmer, eng intressant a wichteg Kollektioun. Beim Loïc Tanson schwätzt hien iwwer säin Haus awer och iwwer de Luxembourg City Film Festival.

D'Annick Goerens stellt de Programm vum Festival vir an d'Christiane Kremer erzielt iwwer déi franséisch Autorin Yasmina Reza, där hiert Stéck "Dieu de carnage" am TNL gespillt gëtt.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.